EWCS

D'European Working Conditions Survey (EWCS - Europäesch Ëmfro iwwer d'Aarbechtsbedéngungen) ass drop ausgeriicht, de politeschen Decideuren an de Fuerscher onschätzbar wäertvoll, aktuell an objektiv Daten iwwer d'Aarbechtsliewen an d'Qualitéit vun der Aarbecht an Ärem Land an a ganz Europa zur Verfügung ze stellen.

Fir déi 8. Editioun schafft Eurofound mat Verian zesummen, fir ronn 50.000 Aarbechter an iwwer 30 europäesche Länner ze interviewen.

Méi Informatiounen iwwer Eurofound fannt Dir op hirem Internetsite.

D'Ëmfro befaasst sech mat verschiddenen Aspekter vum Aarbechtsliewen, dorënner:

  • Wéi Dir schafft
  • Är Aarbechtszäiten
  • Är Work-Life-Balance
  • Wéi sech d'Aarbecht op Är Gesondheet auswierkt

Wie ka matmaachen?

Ausgewielte Participanten, déi …

  1. tëschent 16 a 74 Joer al sinn
  2. an déi an der leschter Woch op iergendeng Manéier geschafft hunn, sief et als Employé oder selbstänneg, och wann et nëmmen eng Stonn war, wa si dofir mat Suen oder enger Saachleeschtung bezuelt goufen

Fir weider Informatiounen doriwwer, wien eligibel ass fir matzemaachen, fir all d'Krittären ze gesinn.

Mir wëlle sécherstellen, datt all d'Leit, déi ënnert ontypesche Bedéngunge schaffen, d'Méiglechkeet kréie fir matzemaachen. Dir kënnt och da matmaachen, wann ënnert de follgende Bedéngungen eppes op Iech zoutrëfft:

  • Dir sidd momentan am Congé mee Äre Kontrakt ass nach ëmmer gëlteg an/oder Dir hutt Är Bindung un d'Entreprise/d'Organisatioun behalen (heirënner falen och den Elterecongé, e Krankeschäin oder eng zäitweileg Absence vun enger Entreprise, déi Iech gehéiert)
  • Dir hutt kee formellen Aarbechtskontrakt mee Dir verdéngt Geld, andeems Dir kleng ad hoc-Aufgaben ausféiert oder geréngwäerteg Wueren oder Produkter verkaaft
  • Dir schafft an Ärem eegene landwirtschaftleche Betrib a beabsichtegt, de gréissten Deel vun Ärer landwirtschaftlecher Produktion ze verkafen oder ze tauschen oder Dir sidd e Member vun der Famill, deen onbezuelt am Betrib matschafft
  • Dir schafft fir eng Plattform (zum Beispill UBER, AIRBNB, AMAZON, DELIVEROO)
  • Dir gouft entlooss, gitt awer nach ëmmer bezuelt oder Dir hutt d'Garantie, datt Dir no enger gewësser Zäit zeréck op Är Aarbechtsplaz komme kënnt
  • Dir sidd e Saisonsaarbechter a schafft net ausserhalb vun der Saison, mee Dir hutt e Vertrag, datt Dir déi nächst Saison nees kënnt schaffe goen oder Dir gitt nach ëmmer weider bezuelt

Wéi ginn d'Date vun EWCS benotzt?

D'EWCS dréit dozou bäi, d'Realitéite vum Aarbechtsliewen ze evaluéieren, identifizéiert déi tatsächlech Chancen an Erausfuerderunge fir d'Mënschen a liwwert en immens räichhaltegen Datesaz, deen a ville Beräicher Analysen erméiglecht. Zu de rezente Publikatiounen zielen ënner anerem:

[EN] Privilege or necessity? The working lives of people with multiple jobs
[EN] Gender equality at work
[EN] How your birthplace affects your workplace
[EN] How does employee involvement in decision-making benefit organisations?
[EN] Striking a balance: Reconciling work and life in the EU
[EN] Working conditions in the time of COVID-19: Implications for the future
[EN] Working conditions and workers' health
[EN] Working conditions in a global perspective


Eurofound

D'Europäesch Stëftung fir d’Verbesserung vun de Liewens- an Aarbechtsbedéngungen (European Foundation for the Improvement of Living and Working Conditions - Eurofound) ass eng Agence vun der Europäescher Unioun, déi sech domadder befaasst, wéi d'Leit an Europa liewen a schaffen, a wéi dëst sech am Laf vun der Zäit verännert.

Eurofound gouf 1975 gegrënnt mat der Missioun, Wëssen zur Verfügung ze stellen, dat bei der Verbesserung vun der Sozial-, Beschäftegungs- an Aarbechtspolitik hëllefe soll. Fir dës Aufgaben ze erfëllen, schafft Eurofound enk mat europäeschen Institutiounen, nationale Regierungen, Arbeitgeberassociatiounen, Gewerkschaften, Entreprisen an Aarbechter zesummen, mam Zil, d'Aarbechtsbedéngunge vun de Mënschen an Europa ze verbesseren.

Fir weider Informatiounen iwwer Eurofound, consultéiert wgl. hiren Internetsite.


Verian

Dës Etüd gëtt vu Verian op der Basis vun den héchste wëssenschaftleche Standarden ausgefouert.

Verian ass eng weltwäit féierend, onofhängeg, spezialiséiert Fuerschungs-, Evidenz- a Berodungsentreprise, déi an alle Beräicher vun der ëffentlecher Politik Déngschtleeschtunge fir Regierungen an den ëffentleche Secteur ubitt.

Mat anere Wierder, Verian interviewt vill ënnerschiddlech Leit, fir ze hëllefen, e bessert Verständnis vun de Changementer am sozialen, politeschen a wirtschaftlechen Ëmfeld ze kréien.

Beispiller vun der Aarbecht vu Verian

Weider Informatiounen iwwer d'Aarbecht vu Verian fannt Dir op hirem Internetsite.

Verian an den Dateschutz

All Äntwerten oder Informatiounen, déi Dir matdeelt, gi streng vertraulech behandelt an d'Anonymitéit vun all Befrotem gëtt garantéiert. All déi gesammelt Date ginn eenzeg an eleng fir Fuerschungszwecker benotzt.

D'Matmaachen ass komplett fräiwëlleg an Dir braucht keng speziell Virkenntnisser, fir op d'Froen ze äntweren.

Froen am Zesummenhang mat der Datesécherheet, dem Dateschutz an der Vertraulechkeet gi ganz eescht geholl. Verian huet Prozedure fir d'Datesécherheet festgeluecht, déi d'Gefor vun engem Dateverloscht miniméieren a garantéieren, datt d'Privatsphär vun de Befroten zu all Moment geschützt ass.

Fir weider Informatiounen heiriwwer, consultéiert wgl. d'Dateschutzerklärung ënnert dem follgende Link.