Frequently Asked Questions (FAQen)

Op dëser Säit:


Wie féiert dës Fuerschung duerch?

Dës Fuerschung gëtt vun der Europäescher Stëftung fir d’Verbesserung vun de Liewens- an Aarbechtsbedéngungen (European Foundation for the Improvement of Living and Working Conditions - Eurofound) an Zesummenaarbecht mat Verian ausgefouert. Eurofound ass eng Agence vun der Europäescher Unioun, déi sech domadder befaasst, wéi d'Leit an Europa liewen a schaffen, a wéi dëst sech am Laf vun der Zäit verännert.

Eurofound schafft enk mat europäeschen Institutiounen, nationale Regierungen, Arbeitgeberassociatiounen, Gewerkschaften, Entreprisen an Aarbechter zesummen, mam Zil, d'Aarbechtsbedéngunge vun de Mënschen an Europa ze verbesseren.

Fir weider Informatiounen iwwer Eurofound, consultéiert wgl. hiren Internetsite.

Verian ass eng Entreprise, déi Clienten aus dem Ëmfeld vu Regierungen, dem ëffentleche Secteur, ONGen an ASBLe beim Ausschaffe vun der ëffentlecher Politik, bei Programmer, Déngschtleeschtungen a Kommunikatioune fir d'Ëffentlechkeet beréit. Heifir interviewt Verian haaptsächlech vill ënnerschiddlech Leit, fir entscheedend Ablécker an d'Changementer vum sozialen, politeschen a wirtschaftlechen Ëmfeld an Europa ze kréien.

Fir weider Informatiounen iwwer Verian, consultéiert wgl. hiren Internetsite.

zeréck op den Ufank


Firwat gouf ech invitéiert, fir matzemaachen?

Fir dës Fuerschung gi ronn 50.000 Aarbechter an iwwer 30 europäesche Länner interviewt. An all Land gouf en Echantillon no strenge wëssenschaftleche Standarden zesummegestallt, fir sécherzestellen, datt e fir all d'Aarbechter am Land representativ ass. All Aarbechter an all Land huet eng bekannte Warscheinlechkeet, déi net Null ass, fir ausgewielt ze ginn.

Am Kader vun deem Prozess gouft Dir nom Zoufallsprinzip ausgewielt, fir matzemaachen. Dir sidd eemoleg a kënnt net ersat ginn. Wann Dir net matmaacht, sinn ënner Ëmstänn schaffend Leit wéi Dir net esou representéiert, wéi dat misst sinn.

Mir versécheren Iech, datt mir keng aner Informatiounen iwwer Iech oder Äre Stot hunn.

zeréck op den Ufank


Firwat si meng Usiichte wichteg?

Är Äntwerte liwweren déi faktesch Grondlag fir d'Verbesserung vun de politesche Moossnamen, déi drop ausgeriicht sinn, d'Aarbechtsbedéngungen an d'Qualitéit vun der Beschäftegung fir all d'Aarbechter an Ärem Land an a ganz Europa ze verbesseren.

Dofir brauche mir Leit aus allen Altersgruppen a verschiddenen Hannergrënn, fir matzemaachen. Am anere Fall sinn d'Informatiounen, déi mir sammelen, villäicht net representativ fir d'Aarbechter an eisem Land. An engem gewësse Sënn schwätzt Dir fir Dausende vun anere Leit, déi d'selwecht si wéi Dir.

zeréck op den Ufank


Wat gëtt vu mir verlaangt?

Dir sidd tëschent 16 a 74 Joer al an hutt an der leschter Woch op iergendeng Manéier geschafft, sief et als Employé oder selbstänneg, och wann et nëmmen eng Stonn war, a sidd dofir mat Suen oder enger Saachleeschtung bezuelt ginn? Wann Dir bei der EWCS matmaacht, hutt Dir d'Méiglechkeet, Ärer Stëmm Gehéier ze verschafen an Aarbechter wéi Iech ze representéieren.

Wann Dir e Bréif krut, an deem Äre Stot invitéiert gouf, bei der Etüd matzemaachen, da braucht Dir nëmmen op den Internetsite ze goen, an déi eemoleg Zuel an dat domat verbonne Passwuert anzeginn, dat an der Invitatioun matgedeelt goufen.

A Stéit mat méi ewéi enger Persoun, déi tëschent 16 a 74 Joer al ass a schafft, kënnen e puer Membere vum Stot deelhuelen.

Wann Dir eis Är E-Mail-Adress oder Är Telefonsnummer matgedeelt hutt, an eng Invitatioun per E-Mail oder SMS krut, da suivéiert de Link op d'Ëmfro, deen eemoleg ass an op deen nëmmen Dir eleng Zougrëff hutt.

Dëse Link féiert Iech direkt op d'Online-Ëmfro.

Fir Iech fir Äre Bäitrag Merci ze soen, kritt all Eenzelpersoun, déi d'Ëmfro ausfëllt, e Kaddosbong. Dir kënnt och decidéieren, dee selwechte Betrag fir e gudden Zweck ze spenden, wann Dir dat léiwer hutt.

zeréck op den Ufank


Ech hu Problemer, fir online op d'Ëmfro zouzegräifen. Wie ka mir hëllen, fir mech anzeloggen?

Wann Dir en Invitatiounsbréif per Post krut, da kënnt Dir Iech mam Benotzernumm a mam Passwuert aloggen, déi an deem Bréif matgedeelt goufen. Wann Äre Benotzernumm an Äert Passwuert net fonctionéieren, da kontaktéiert eis wgl., andeems Dir op Support ënnen op dësem Ecran klickt.

Wann Dir perséinlech oder per Telefon invitéiert gouft a bereet waart, fir matzemaachen, braucht Dir kee Benotzernumm a kee Passwuert. Dir krut an deem Fall eng E-Mail oder eng SMS mam Link op d'Ëmfro geschéckt a kënnt op d'Ëmfro zougräifen, andeems Dir op dëse Link klickt. Wann Dir keng E-Mail oder SMS krut oder wann de Link net fonctionéiert, da kontaktéiert eis wgl., andeems Dir op Support ënnen op dësem Ecran klickt.

zeréck op den Ufank


Wéi kann ech meng Belounung aléisen?

Fir Iech fir Äre Bäitrag Merci ze soen, offréiere mir Iech e Kaddosbong. Soubal Dir de Questionnaire fäerdeg ausgefëllt hutt, gitt Dir op eis Rewards-Website weidergeleet, wou Dir aus enger Rei vu verschiddene Bonge wielen oder eng Spend fir e gudden Zweck maache kënnt.

Benotzt hei dee selwechte Login fir d'Authentifikatioun.

zeréck op den Ufank


Wat geschitt mat mengen Äntwerten?

Är Informatioune ginn ausschliisslech als Input fir politesch a Fuerschungszwecker benotzt. Är Äntwerten hëllefen eis, d'Realitéite vun allen Aarbechter an Europa ze verstoen, an droen domat zu enger faktescher Grondlag fir d'Verbesserung vun de politesche Moossnamen, déi op eng besser Aarbechtsqualitéit ausgeriicht sinn, bäi.

D'Froe befaasse sech mat verschiddenen Aspekter vum Aarbechtsliewen, zum Beispill, wéi Dir schafft, Är Aarbechtszäiten, Är Work-Life-Balance a wéi sech Är Aarbecht op Är Gesondheet auswierkt. Dir braucht keng speziell Virkenntnisser, fir op d'Froen ze äntweren.

Fir d'Ëmfro korrekt duerchféieren ze kënnen, froe mir Iech och no e puer perséinlechen Informatiounen. Mir suergen dofir, datt Är Äntwerten esou verschafft ginn, datt keen Iech opgrond vun Ären Aussoe perséinlech identifizéiere kann. Dat bedeit, datt Är Äntwerte mat deene vun anere Leit zesummen en „Datesaz“ bilden, deen als Grondlag fir d'Politik an d'Fuerschung déngt.

D'EWCS liwwert en immens räichhaltegen Datesaz, deen an ville Beräicher Analysen erméiglecht. Hei sinn e puer Beispiller vu rezente Publikatiounen:

[EN] Privilege or necessity? The working lives of people with multiple jobs
[EN] Gender equality at work
[EN] How your birthplace affects your workplace
[EN] How does employee involvement in decision-making benefit organisations?
[EN] Striking a balance: Reconciling work and life in the EU
[EN] Working conditions in the time of COVID-19: Implications for the future
[EN] Working conditions and workers' health
[EN] Working conditions in a global perspective

zeréck op den Ufank


Méi Informatiounen iwwer Eurofound Follow-up-Ëmfroen?

Um Enn vun der Ëmfro gitt Dir gefrot, ob Dir eventuell bereet wiert, an der Zukunft un aneren Ëmfroe vu Eurofound deelzehuelen.

Wann Dir averstane sidd, gitt Dir no Äre Kontaktdate gefrot. Eurofound versuergt dës Date wärend maximal zwee Joer, fir Iech an Zukunft kontaktéieren ze kënnen. Bei all nei Ëmfro deelt Eurofound Iech mat, wéi laang Zäit een ongeféier brauch, fir d'Ëmfro auszefëllen.

zeréck op den Ufank


Wéi gi meng Date geschützt?

All Äntwerten oder Informatiounen, déi Dir matdeelt, gi streng vertraulech behandelt an d'Anonymitéit vun all Befrotem gëtt garantéiert. All déi gesammelt Date ginn eenzeg an eleng fir Fuerschungszwecker benotzt.

D'Matmaachen ass komplett fräiwëlleg an Dir braucht keng speziell Virkenntnisser, fir op d'Froen ze äntweren.

Froen am Zesummenhang mat der Datesécherheet, dem Dateschutz an der Vertraulechkeet gi ganz eescht geholl. Verian huet Prozedure fir d'Datesécherheet festgeluecht, déi d'Gefor vun engem Dateverloscht miniméieren a garantéieren, datt d'Privatsphär vun de Befroten zu all Moment geschützt ass.

Fir weider Informatiounen heiriwwer, consultéiert wgl. d'Dateschutzerklärung ënnert dem follgende Link.

zeréck op den Ufank


Ech wëll matmaachen, krut awer keng Invitatioun, wat kann ech maachen?

D'Participantë ginn nom Zoufallsprinzip ënnert all den Adressen an Ärem Land ausgewielt. Dës Zoufallsselektioun bedeit, datt Leit aus verschiddenen Altersgruppen, Regiounen, mat ënnerschiddleche soziale Statussen a Bildungsniveauen invitéiert gi fir matzemaachen.

Obwuel Är Meenung wierklech wichteg fir eis ass, kënnt Dir nëmme bei der EWCS matmaachen, wann Dir perséinlech vun eis invitéiert gouft.

zeréck op den Ufank


Wou kann ech Hëllef fannen, wann ech mat gesondheetlechen oder Sécherheetsproblemer oder mat Gewalt op der Aarbecht konfrontéiert sinn?

Wann Dir mat gesondheetlechen oder Sécherheetsproblemer oder mat Gewalt op der Aarbecht konfrontéiert sidd, dann zéckt net, professionell Hëllef an Usproch ze huelen. Eng Lëscht vun Helplinen an Informatiounsquellen an Ärem Land fannt Dir hei.

zeréck op den Ufank


Mat wiem kann ech schwätzen, wann ech weider Froen iwwer d'EWCS hunn?

Äntwerten op déi am heefegste gestallte Froen iwwer dës Ëmfro fannt Dir hei.

Wann Dir nach aner Froen hutt, da kontaktéiert eis wgl. direkt, andeems Dir op Support ënnen op dësem Ecran klickt. Mir beäntwere gär all Är Froen.

Mir kommen esou séier ewéi méiglech op Iech zeréck, an der Reegel bannent fënnef Schaffdeeg.

zeréck op den Ufank