DATESCHUTZHIWEIS
fir d'Europäesch Ëmfro iwwer d'Aarbechtsbedéngungen (EWCS) 2024

Als EU-Agence ass et der Europäescher Stëftung fir d’Verbesserung vun de Liewens- an Aarbechtsbedéngungen (oder Eurofound) e wichtegt Uleies, Är perséinlech Daten ze schützen. Mir engagéieren eis deemno, datt mir, als Verantwortlech fir den Traitement, dës Daten am Respekt vun de Gesetzer, déi a Kraaft sinn1, verschaffen.

Wann Dir nom Duerchliese vun dësem Hiweis nach ëmmer Froen oder Zweiwel iwwer den Traitement vun Ären Daten hutt, da kontaktéiert eis wgl. ënner dataprotectionofficer@eurofound.europa.eu. Mir kommen esou séier ewéi méiglech op Iech zeréck, awer ëmmer bannent engem Mount.

Wat ass d'Europäesch Ëmfro iwwer d'Aarbechtsbedéngungen?

D'Europäesch Ëmfro iwwer d'Aarbechtsbedéngungen (European Working Conditions Survey - EWCS) ass eng Ëmfro, déi all fënnef Joer stattfënnt, an déi sech mat verschiddenen Aspekter vum Aarbechtsliewe befaasst, wéi z. B. den Aarbechtszäiten, der Organisatioun vun der Aarbecht, dem Gläichgewiicht tëschent Aarbecht a Privatliewen an aarbechtsbedéngte gesondheetleche Problemer. Et gi bal 50.000 Aarbechter a 36 europäesche Länner zu hiren Aarbechtsbedéngunge befrot.

Déi gesammelt Date liwweren de politeschen Decideuren a Fuerscher wäertvoll, aktuell an objektiv Informatiounen iwwer d'Aarbechtsbedéngungen an d'Qualitéit vun der Aarbecht a vun der Beschäftegung an Europa, mam Zil, d'Aarbechtsliewe fir jiddwereen ze verbesseren. Déi éischt Resultater vun dëser Etüd wäerten 2025 verfügbar sinn.

Weider Informatiounen iwwer d'EWCS fannt Dir op https://www.eurofound.europa.eu/surveys/2024/european-working-conditions-survey-2024.

Wie féiert d'Ëmfro duerch?

D'Ëmfro gëtt vu Verian, am Optrag vun Eurofound, dem Verantwortleche fir den Traitement, duerchgefouert. Verian, eng Gesellschaft, déi d'Date verschafft, ass eng Maartfuerschungsgesellschaft, déi sech un déi héchst eethesch Standarden a professionell Verhalenscoden hält, WAPOR2 an ESOMAR3 abegraff.

Wéi gouf ech ausgewielt?

Dir gouft am Kader vun engem streng wëssenschaftleche Prozess nom Zoufallsprinzip selektionéiert, fir datt mir mat engem representativen Echantillon vun Aarbechter an der Bevëlkerung vun Ärem Land schwätze kënnen. Jiddwereen, deen invitéiert gouf, fir matzemaachen, dozou zielt och Dir, huet eng bekannt Warscheinlechkeet, déi net Null ass, fir selektionéiert ze ginn. Den Zoufallsechantillon gouf jee no Land entweeder unhand vun engem Regëster vu Persounen oder Stéit oder op Basis vun Enumeratioun zesummegestallt.

Wéi eng perséinlech Date gi gesammelt?

Déi follgend perséinlech Date ginn traitéiert:

  1. Är Telefonsnummer, Äert Geschlecht, Är Postadress an Ären Alter ginn verschafft, fir Iech anzelueden, bei der Ëmfro matzemaachen;
  2. perséinlech Informatiounen, déi Dir matdeelt, wann Dir d'Ëmfro beäntwert, an déi sech op verschidden Aspekter vum Aarbechtsliewe bezéien, z. B. (i) wéi Dir schafft, (ii) Är Aarbechtszäiten, (iii) Är Work-Life-Balance an (iv) d'Manéier, wéi sech d'Aarbecht op Är Gesondheet auswierkt;
  3. Daten iwwer Äre gesondheetlechen Zoustand an iwwer Är eethnesch Hierkonft;
  4. Informatiounen doriwwer, ob Dir op Ärer Aarbechtsplaz aus ënnerschiddleche Grënn diskriminéiert gouft oder ob Dir op Ärer Aarbechtsplaz mat onerwënschtem Verhale konfrontéiert gouft oder net (eng einfach „Jo“ oder „Nee“-Fro). Mir weisen drop hin, datt Dir NET no perséinlechen Daten oder faktuellen Informatiounen am Zesummenhang mat dësen Erfarunge gefrot gitt;
  5. Informatiounen doriwwer, ob Dir bei de leschte Chamberwale wiele gaange sidd oder net. Mir weisen drop hien, datt KENG faktuell Informatiounen iwwer Är politesch Meenung erhuewe ginn;
  6. Ären Numm an Är E-Mail-Adress, wann Dir domat averstane sidd, fir eng Follow-up-Ëmfro nach eng Kéier kontaktéiert ze ginn;
  7. all Informatiounen, déi Dir matdeelt, wann Dir op eiser Websäit Formulairen ausfëllt, och wann Dir z. B. e Problem mat eiser Websäit mellt;
  8. all Informatiounen, déi eis Dir matdeelt, och d'Korrespondenz, wann Dir eis kontaktéiert;
  9. Detailer vun Ärer Visitt op eiser Websäit, dozou zielen, ënner anerem, Datverkéier, Standuertdaten, Webloggen an aner Kommunikatiounsdaten oder anerersäits d'Ressourcen, op déi Dir zougräift; an
  10. Informatiounen iwwer Äre Computer, och, wa verfügbar, Är IP-Adress, de Betribssystem a Browser-Typ, fir d‘Systemverwaltung. Dës Informatioune gi benotzt fir statistesch Daten iwwer d'Navigatiounsaktivitéiten a -mustere vun eise Benotzer ze erstellen.

Mir weisen drop hin, datt Är Kontaktinformatiounen, wann Dir dës matdeelt, mat Ären Äntwerte verbonne ginn. Wann Dir keng Kontaktinformatioune fir Follow-up-Ëmfroen ugitt, bleiwen Är Äntwerten op dës Ëmfro anonym an et ass fir Eurofound oder Verian net méiglech, Iech direkt oder indirekt opgrond vun dësen Äntwerten ze identifizéieren. Wéi och ëmmer wëlle mir awer preziséieren, datt d'Resultater vun der Etüd anonymiséiert ginn (d. h. et sinn nëmme statistesch Informatiounen), an Dir sidd NET identifizéierbar, weeder direkt nach indirekt, an de verëffentlechte Resultater.

All perséinlech Daten, déi am Zesummenhang mat der EWCS 2024-Ëmfro erhuewen an traitéiert ginn, sinn néideg, fir datt Eurofound seng Fuerschungsaufgaben am ëffentlechen Interessi4 erfëlle kann a senge gesetzleche Verflichtungen5, déi Eurofound a sengem Grënnungsreglement6 iwwerdroe goufen, nokomme kann.

Den Traitement vun Daten, déi sech op d'Gesondheet an op Är eethnesch Hierkonft bezéien, si fir Fuerschungszwecker gerechtfäerdegt7.

All zousätzlechen Traitement vun Äre perséinlechen Daten (z. B. fir Follow-up-Zwecker) geschitt nëmmen, wann Dir eis Är Awëllegung ginn hutt8.

Daten, déi Dir eis matdeelt, wann Dir eis kontaktéiert (z. B. wann Dir Är Dateschutzrechter ausüübt), sinn noutwendeg, fir eiser gesetzlecher Verflichtung, Är Ufro ze beäntweren, nozekommen9.

A schliisslech ginn Informatiounen iwwer Är Visitt op eiser Websäit an Informatiounen iwwer Äre Computer mat Ärer Awëllegung10 gesammelt a weider verschafft. Méi Informatioune fannt Dir an eiser Cookie-Politik.

Wien traitéiert Är Daten?

Op Är perséinlech Daten hunn nëmmen autoriséiert Mataarbechter vun Eurofound a Verian Zougrëff, déi beim Erfëlle vun hiren Aufgabe gesetzlechen oder vertragleche Geheimhaltungsflichten ënnerleien.

Wéi laang ginn Är perséinlech Date versuergt?

Fir d'Versuerge vun den Date gëllen déi follgend Zäitraim:

  1. Perséinlech Date ginn 12 Méint nom Ofschloss vum Projet versuergt (d. h. bis Oktober 2025).
  2. Wann Dir Iech domat averstanen erkläert hutt, fir weider Etüde kontaktéiert ze ginn, da ginn Ären Numm an Är Kontaktinformatioune wärend zwee Joer nom Datum, op deem Dir se matgedeelt hutt, versuergt.

Wann dës Zäitraim ofgelaf sinn, ginn Är perséinlech Daten op eng Manéier entsuergt, déi sécherstellt, dass hire vertrauleche Charakter net kompromettéiert gëtt.

Wéi ginn Är perséinlech Date geschützt?

Et goufe verschidde Sécherheetskontrollen ageriicht, fir Är perséinlech Date virun net autoriséiertem Zougrëff, net autoriséierter Benotzung oder Divulgatioun ze schützen. Är Date ginn deemno op Computersystemer gespäichert, déi sech an der Europäescher Unioun befannen an zu deenen nëmmen autoriséiert Mataarbechter Zougang hunn.

Är Äntwerte gi getrennt vun Äre perséinlechen Informatioune gespäichert an nëmme fir Fuerschungszwecker benotzt.

Är Participatioun, genee ewéi Är individuell Äntwerten op d'Froen, gi streng vertraulech behandelt. D'Resultater vun der Etüd ginn anonymiséiert an déngen ausschliisslech statisteschen Zwecker. Dir kënnt a kengem verëffentlechte Resultat identifizéiert ginn.

Verian stëmmt ausserdeem seng Aarbechtspraktiken op déi international unerkannte Standarde fir d'Qualitéit vun der Maartfuerschung (ISO20252), den internationale Standard fir Qualitéitsmanagementsystemer (ISO 9001) an den internationale Standard fir Informatiounssécherheetsmanagement (ISO 27001) of.

Iwwermëttele mir Är Daten ausserhalb vun der EU?

D’Veraarbechtung vun Äre perséinlechen Date gëtt am Prinzip bannent der EU oder bannent dem Europäesche Wirtschaftsraum (EEA11) gemaach. Verschidde Veraarbechtunge ginn awer am Vereenegte Kinnekräich2 gemaach, well eise Soutraitant Verian Är Kontaktdaten (Numm an/oder Postadress) a verschiddene Fäll u Greens, en digitale Printbetrib3 am Vereenegte Kinnekräich iwwermëttelt fir Invitatiounsbréiwer fir Är Participatioun un eiser Ëmfro ze schécken.

Wat fir Rechter hutt Dir?

Bannent de Limitte vun der Europäescher Dateschutzveruerdnung (EUDPR) hutt Dir d'Recht, op Är perséinlech Daten zouzegräifen, se ze korrigéieren, läschen ze loossen an/oder ze iwwerdroen, den Traitement vun dësen Daten anzeschränken oder dësem ze widderspriechen an Är Awëllegung zeréckzezéien (wann se erdeelt gouf). Mir weise just drop hin, datt d'Zeréckzéie vun Ärer Awëllegung keen Afloss op d'Gesetzméissegkeet vum Traitement wärend der Gëltegkeet vun Ärer Awëllegung huet.

Fir déi genannte Rechter auszeüben, adresséiert Iech wgl. u PublicCompliance@veriangroup.com. Är Ufro ass gratis. Wa se sech awer als eendeiteg onbegrënnt oder iwwerdriwwen erausstellt, kann Eurofound, als Verantwortlech fir den Traitement, ënner Ëmstänn refuséieren, se ze berücksichtegen.

Dir hutt och d'Recht, eng Plainte beim Europäeschen Dateschutzbeoptraagten anzereechen, wann Dir der Meenung sidd, datt den Traitement vun Äre perséinlechen Date géint d'Gesetz verstéisst. Méi Informatiounen doriwwer fannt Dir hei.

Matdeelung vu wichtegen Ännerungen

Mir behalen eis d'Recht vir, dësen Hiweis vun Zäit zu Zäit ze aktualiséieren oder ze änneren, fir Changementer beim Traitement ze berücksichtegen. Mir roden Iech deemno, dësen Hiweis a reegelméissegen Ofstänn ze liesen, fir doriwwer informéiert ze bleiwen, wéi mir Är perséinlech Daten traitéieren a schützen.

Kontakt

Froen, Commentairen an Ufroen am Zesummenhang mat dëser Ëmfro si wëllkomm a kënnen adresséiert ginn un de Beoptraagte vun der Ëmfro Sophia.MacGoris@eurofound.europa.eu.

Lescht Aktualiséierung: 10. Mee 2024


1 Veruerdnung (EU) 2018/1725 vum Europäesche Parlament a vum Rot iwwer de Schutz vun natierleche Persoune beim Traitement vu perséinlechen Daten duerch Institutiounen, Ariichtungen an Agencë vun der Unioun an iwwer de fräie Verkéier vun deenen Daten (EUDPR).
2 Méi Informatioune fannt Dir hei.
3 Méi Informatioune fannt Dir hei.
4 Artikel 5(1)(a) vun der EUDPR.
5 Artikel 5(1)(b) vun der EUDPR.
6 Veruerdnung (EU) 2019/127 vum Europäesche Parlament a vum Rot vum 16. Januar 2019 iwwer d'Grënnung vun der Europäescher Stëftung fir d'Verbesserung vun de Liewens- an Aarbechtsbedéngungen (Eurofound) an d'Ophiewe vun der Veruerdnung (EWG) Nr. 1365/75 vum Rot, besonnesch d'Artikelen 1 an 2.
7 Artikel 10(2)(j) vun der EUDPR
8 Artikel 5(1)(d) vum EUDPR.
9 Artikel 5(1)(b) vum EUDPR
10 Artikele 6 an 9 vun der Direktiv iwwer d'Privatsphär an elektronesch Kommunikatioun an den Artikel 5(1)(d) vum EUDPR.
11 Zum EWR gehéieren déi 27 Memberstate vun der EU plus Norwegen, Island a Liechtenstein.
12 D’Vereenegt Kinnekräich gëtt no der Decisioun vun der EU-Kommissioun vu Juni 2021 als en adequat Land ugesinn. Iwwermëttelungen an d’Vereenegt Kinnekräich sinn dofir legal no Artikel 47 vum Europäeschen Dateschutzreglement an der Ëmsetzungsentscheedung vun der Kommissioun (EU) 2021/1772 vum 28. Juni 2021, a Konformitéit mam Reglement (EU) 20216/679 vum Europaparlament an dem Rot iwwer den adequate Schutz vu perséinlechen Daten am Vereenegte Kinnekräich.
13 Méi Informatiounen hei.