COOKIE-POLITIK

Wat si Cookien?

Mir benotzen op eiser Websäit Cookien a vergläichbar Technologien.

Cookië si kleng Textfichieren, déi um Gerät vun engem Benotzer (z. B. Computer, Tablet oder Telefon) gespäichert ginn. Si kënne fir den technesche Fonctionnement vun enger Websäit, fir d'Sammele vu statisteschen Daten iwwer d'Benotze vun der Websäit oder fir aner Zwecker benotzt ginn, ënner anerem dofir, dem Benotzer eng méi personaliséiert Erfarung ze bidden (zum Beispill engem Online-Service erlaben, sech un Äre Benotzer-Profil ze erënneren, ouni datt Dir Iech nei alogge musst). Cookien erlaben et enger Websäit deemno, verschidden Informatiounen ze späicheren, fir d'Erfarung vum Benotzer ze verbesseren, andeem hien net ëmmer nees déi selwecht Informatiounen agi muss. Eis Cookië ginn net dofir benotzt, Iech perséinlech ze identifizéieren.

Fir weider Informatiounen iwwer Cookien, kuckt wgl. op http://www.youronlinechoices.com/.

Wéi eng Cookië benotze mir a wéi benotze mir se?

Op dëser Websäit gi Cookien nëmme benotzt, fir sech u Sproochepreferenzen ze erënneren, wann de Benotzer eng ausgewielt huet. Si ginn net fir iergendeen aneren Zweck agesat.

Mir benotzen nëmme First-Party-Cookien, déi vun der Verian-Websäit, déi Dir besicht, gesat ginn. Nëmmen dës Websäit ka se liesen. Dës Cookië sinn onëmgänglech fir de Webdéngscht ze erbréngen, deen Dir ugefrot hutt.

Cookië fir d'Web-Analys

Déi follgend Date ginn op engem aggregéierten Niveau traitéiert:

  • IP-Adress (maskéiert)
  • Standuert: Land, Regioun, Stad, ongeféiere Längen- a Breedegrad (Geolokaliséierung)
  • Titel vun der Säit, déi gekuckt gëtt (Page title)
  • URL vun der Säit, déi gekuckt gëtt (Page URL)
  • URL vun der Säit, déi virun der aktueller Säit gekuckt gouf (Referrer URL)
  • Bildschiermopléisung vum Benotzer sengem Gerät
  • Haaptsprooch vum benotzte Browser (Accept-Language header)
  • Versioun vum Browser, Plug-ins vum Browser (PDF, Flash, Java …), Versioun vum Betribssystem, Identifiant vum Gerät (User-Agent header)
  • Sprooch vun der besichter Säit

Firwat brauche mir Är Awëllegung?

D'ePrivacy-Direktiv schreift vir, datt dem Benotzer seng Awëllegung erfuerderlech ass, fir Cookien ze installéieren an anzesetzen.

Wéi kënnt Dir Cookië kontrolléieren/refuséieren?

„Do not track“ ass eng Funktioun, déi et Visiteuren erlaabt, net vu Websäite suivéiert ze ginn. „Do not track“-Optioune ginn an enger Rei vu Browser ugebueden, dorënner:

Ausserdeem bidden all Browser de Benotzer d'Méiglechkeet, Cookien ze akzeptéieren, ze refuséieren oder ze läschen, andeem si déi entspriechend Astellungen am Browser auswielen. Mir weisen awer drop hin, datt d'Desaktivéierung vu Cookien eventuell verhënnert, datt verschidde Servicer vun eiser Websäit korrekt fonctionéieren. Doduerch kann d'Surfe ganz oder deelweis beanträchtegt ginn, wat sech sengersäits op Är Erfarung beim Benotze vun eiser Websäit auswierkt.

Weider Informatiounen iwwer d'Manéier, wéi Dir déi op Ärem Gerät gespäichert Cookië kontrolléiere kënnt, fannt Dir ënnert de follgende Linke vun den Haaptbrowseren a Geräter:

Linken op aner Websäiten

Eis Websäit kann heiansdo Linken op a vun de Websäite vun eise Partnernetzwierker a Memberen enthalen. Wann Dir e Link op esou eng Websäit suivéiert, dann denk wgl. drun, datt dës Websäiten hir eegen Dateschutzhiweiser / Cookie-Politik hunn an datt mir keng Verantwortung dofir iwwerhuelen. Iwwerpréift wgl. dës Hiweiser, éier Dir perséinlech Daten un dës Websäiten iwwermëttelt

Kontakt

Wann Dir zousätzlech Informatiounen iwwer d'Cookien a vergläichbar Technologien, déi mir benotzen, kréie wëllt, da schéckt Är Ufro wgl. un PublicCompliance@veriangroup.com.